top of page
Rechercher

RTL.lu: Invité vun der Redaktioun (2. Juli)

  • rpoullesprive
  • 2 juil. 2020
  • 1 min de lecture

Et muss ee sech méi lokal a regional opstellen


En Donneschdeg de Moie war de President vum Nohaltegkeetsrot eisen Invité vun der Redaktioun RTL.

ree

Den ieweschten Nohaltegkeetsrot preparéiert eng Etüd iwwert den ekologeschen Foussofdrock vu Lëtzebuerg, déi am August soll presentéiert ginn. Dat huet den neie President vum Nohaltegkeetsrot Romain Poulles en Donneschdeg de Moien hei op RTL annoncéiert. Den ekologesche Foussofdrock rechent aus, wéi vill Ressourcen d’Land opbraucht. Laut den internationalen Footprint Network huet Lëtzebuerg nom Qatar deen zweetgréissten Foussofdrock an huet am Februar schonn all d’Ressourcen opgebraucht, déi d’Land theoretesch zegutt hätt. Am Zesummenhang mat der Corona-Pandemie misst een dem Romain Poulles no „elo endlech Conclusiounen zéien an eis nei opstelle fir méi krisesécher ze ginn, fir méi widderstandfäeg ze ginn“. Déi nei Orientéierung géing zwar net vun haut op muer goen, mee et misst ee sech méi lokal a regional opstellen, de Gesondheetssystem stäerken an d'Ernärungsketten nei opstellen. Dat hätt säi Präis, mä wier en Invest an d'Zukunft, sou de Romain Poulles. De President vum Nohaltegkeetsrot an Ingénieur huet och fir eng nei Form vun Tripartite plädéiert, wou d’Regierung zesummen mat de Produzenten a Verbraucher – oder Gebraucher – en neien ekonomesche Modell ausschafft. De Verzicht, dat wier dem Romain Poulles no allgemeng keng Léisung. Vill méi misst een Weeër fannen, fir d’Ressourcë besser ze gebrauchen.

 
 
 

Posts récents

Voir tout
Matériaux locaux : innover en construisant durable

Construire ou rénover, c’est toujours faire des choix : d’implantation, de conception, de budget, mais aussi de matériaux. Et dans un contexte où l’impact environnemental du bâtiment est scruté de prè

 
 
 

Commentaires


Formulaire d'abonnement

Merci pour votre envoi !

©2020 par RomainPoulles. Créé avec Wix.com

bottom of page